EM-Qualifikatioun: No enger schwaacher éischter Hallschent erkämpft sech Lëtzebuerg en 1:1-Remis (2024)

Table of Contents
Grupp J Grupp B Grupp F

Um siwente Spilldag an der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2024 an Däitschland ass et fir d'Rout Léiwen e Freideg géint Island gaangen.

An dësem Match sollten d'Lëtzebuerger, no enger ganz schwaacher éischter Hallschent, an där si sech géint spillbestëmmend Islänner schwéier gedoen hunn, net iwwert en 1:1-Gläichspill erauskommen.

Island - Lëtzebuerg: De Resumé vum Match vum Gilles Tricca

An deenen anere Matcher am Grupp vun de Lëtzebuerger kënne sech d'Bosnier mat 2:0 a Liechtenstein duerchsetzen. Portugal gewënnt dogéint mat 3:2 géint d'Slowakei.

D'Lëtzebuerger stinn elo mat 11 Punkten op der drëtter Plaz am Grupp J. D'Slowaken stinn dogéint op der zweeter Plaz mat 13 Punkten. Deemno kënnen d'Lëtzebuerger mat enger Victoire e Méindeg géint d'Slowaken un dësen an der Tabell laanschtzéien. Portugal ass iwwerdeems elo scho fir d'Europameeschterschaft qualifizéiert. Doriwwer eraus hu sech ons belsch a franséisch Nopere mat hire Victoiren och scho fir d'Europameeschterschaft qualifizéiert.

D'Lëtzebuerger Stëmmen nom Match

De Match gëtt analyséiert an duerno gëtt de Fokus op e Méindeg geriicht.

Grupp J

Island - Lëtzebuerg 1:1
1:0 Oskarsson (23'), 1:1 Gerson Rodrigues (46')

D'Islänner ware vun Ufank un déi dominéierend Ekipp um Terrain. Schonn an der 7. Minutt haten d'Männer aus dem Norden eng gutt Occasioun an dat, nodeems den Haraldsson mat engem laange Ball an d'Déift geschéckt gouf. Mä de Moris konnt dem Islänner säi Schoss entschäerfen. An der 10. Minutt haten d'Islänner eng weider gutt Chance, mä och de Johannesson konnt de Ball net am Gol vun de Lëtzebuerger ënnerbréngen. Eng Minutt méi spéit war et dunn den Oskarsson, deen de Gol mat sengem Kappball nëmmen ëm e puer Zentimeter verfeelt huet. D'Islänner hu gedréckt an d'Lëtzebuerger hu sech schwéier gedoen, fir sech an d'Hallschent vun der Lokalekipp ze spillen. An der 22. Minutt waren d'Spectateure du scho vu Freed an d'Luucht gesprongen, mä den ofgefälschte Schoss vun den Islänner hat just d'Lat getraff. Allerdéngs konnten d'islännesch Supportere stoe bleiwen, well nëmmen eng Minutt drop, den 1:0 fir d'Islänner dunn awer gefall ass. Dëst nodeems den Oskarsson de Ball am Filet ënnerbrénge konnt. D'Lëtzebuerger hate ferm Problemer sech géint d'Islänner ze behaapten. Esou wier an der 28. Minutt bal den 2:0 fir d'Islänner gefall, mä den Traustason konnt e Feeler vum Moris net ausnotzen. An enger schwaacher Hallschent vun de roude Léiwen, konnten dës réischt an der 42. Minutt den éischte Schoss a Richtung Gol verbuchen. Mä dem Sinani säi Versuch war net cadréiert, soudatt de Golkipp vun den Islänner net huet missen agräifen. Doropshin huet den Arbitter béid Formatiounen op den Téi geschéckt. Fir d'Lëtzebuerger war kloer, datt si sech an der zweeter Hallschent däitlech steigere missten, fir Punkte mat op Lëtzebuerg ze bréngen.

Den 1:0 fir Island

Island huet Lëtzebuerg richteg ënner Drock gesat an ass verdéngt a Féierung gaangen.

An d'Rout Léiwen sinn dunn och besser aus der Paus komm. Schonn an der 46. Minutt hunn d'Lëtzebuerger déi passend Äntwert geliwwert an de Score egaliséiert. Den agewiesselte Gerson Rodrigues huet sech en Häerz gefaasst a säi Gléck aus der Distanz probéiert. Um Enn sollt säi Schoss aus 20 Meter de Wee an de géigneresche Gol fannen. Den islännesche Golkipp konnt dem Ball just nokucken, wéi dësen hannert him am Filet ageschloen ass.

Den 1:1 duerch de Gerson Rodrigues

No der Paus ass Lëtzebuerg besser an de Match gestart a konnt direkt egaliséieren.

D'Lëtzebuerger ware vun deem Ament u besser am Match an hu phaseweis monter no vir gespillt. An der 69. Minutt wier du bal den 2:1 fir d'Rout Léiwen gefall, mä de Sinani konnt mat sengem Wäitschoss just d'Latekräiz treffen. Doropshin ass de Match ofgeflaacht a béid Ekippen hu sech neutraliséiert. Keng Formatioun wollt ze vill riskéieren. Allebéid hu se op de Lucky-Punch gewaart. D'Rout Léiwen konnte sech nach vereenzelt Golchancen erausspillen, mä weder de Sinani nach de Gerson Rodrigues konnten den islännesche Golkipp esou richteg ënner Drock setzen. An der 87. Minutt hat dunn op eemol den Thorsteinsson den 2:1 fir Island um Fouss léien, mä dëse konnt de Ball aus kierzter Distanz net am Gol vum Moris ënnerbréngen, soudatt et bei engem 1:1 bliwwen ass. An der Nospillzäit hunn d'Islänner alles riskéiert an de Golkipp esouguer mat no vir geholl. Dorausser hätten d'Lëtzebuerger bal nach Kapital geschloen. No engem Corner konnt de Moris de Ball wäit no vir bréngen, wou de Gerson Rodrigues fräi duerch war, an de Ball just nach hätt missen am eidele Gol ënnerbréngen, well den islännesche Golkipp zu dësem Zäitpunkt ëmmer nach am Lëtzebuerger Strofraum stoung. Mä de Lëtzebuerger Stiermer huet mat sengem Schoss den eidele Gol net getraff, soudatt et um Enn bei engem 1:1 bleiwe sollt.

De Gerson Rodrigues hat an der Nospillzäit d'Victoire um Fouss leien

Allerdéngs konnt dësen den eidele Gol net treffen.

Portugal - Slowakei 3:2
1:0 Goncalo Ramos (18'), 2:0 Cristiano Ronaldo (Eelefmeter, 29'), 2:1 Hancko (69'), 3:1 Cristiano Ronaldo (72'), 3:2 Lobotka (80')

Liechtenstein - Bosnien-Herzegowina 0:2
0:1 Rahmanovic (13'), 0:2 Stevanovic (41')

De Resumé vun de Matcher am Grupp J

Portugal gewënnt géint d'Slowakei. Bosnien setzt sech a Liechtenstein duerch.

Grupp B

Holland - Frankräich 1:2
0:1 Mbappé (7'), 0:2 Mbappé (53'), 1:2 Hartman (83')

Irland - Griicheland 0:2
0:1 Giakoumakis (20'), 0:2 Masouras (45'+4)

De Resumé vun de Matcher am Grupp B

Frankräich qualifizéiert sech géint Holland. Griicheland behaapt sech an Irland.

Grupp F

Éisträich - Belsch 2:3
0:1 Lukebakio (12'), 0:2 Lukebakio (55'), 0:3 Lukaku (58'), 1:3 Laimer (72’), 2:3 Sabitzer (84')

Estland - Aserbaidjan 0:2
0:1 Bayramov (9'), 0:2 Sheydaev (Eelefmeter, 45'+4)

De Resumé vun de Matcher am Grupp F

D'Belsch gewannen e montere Match an Éisträich. Aserbaidschan gewënnt mat 2:0 géint Estland.

EM-Qualifikatioun: No enger schwaacher éischter Hallschent erkämpft sech Lëtzebuerg en 1:1-Remis (2024)
Top Articles
Latest Posts
Article information

Author: Lilliana Bartoletti

Last Updated:

Views: 5429

Rating: 4.2 / 5 (53 voted)

Reviews: 84% of readers found this page helpful

Author information

Name: Lilliana Bartoletti

Birthday: 1999-11-18

Address: 58866 Tricia Spurs, North Melvinberg, HI 91346-3774

Phone: +50616620367928

Job: Real-Estate Liaison

Hobby: Graffiti, Astronomy, Handball, Magic, Origami, Fashion, Foreign language learning

Introduction: My name is Lilliana Bartoletti, I am a adventurous, pleasant, shiny, beautiful, handsome, zealous, tasty person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.